Nordstad-Fusioun:
De Souverän däerf net op Ersatzbänk gesat ginn !

Am Mäerz gouf eng Brochure un d'Haushalter verdeelt, déi erkläre sollt, wat eng zukünfteg Nordstad de Bierger kéint bidden.

D'Brochure bleift flou a beschränkt sech gréissten deels op Absichtserklärungen an allgemeng Schlagwierder. Konkrete Contenu, iwwer deen ee kéint diskutéieren oder Positioun bezéien, feelt. Och op der Internetsäit fënnt een haaptsächlech Informatiounen iwwer Evenementer an Terminer, awer net iwwer de konkrete Fortschrëtt vun den Aarbechtsgruppen, iwwer diskutéiert Modeller oder iwwer eng brauchbar politesch Visioun vun enger zukünfteger Nordstad.

De 4.6.2026 gouf eng Informatiounsversammlung fir d'Gemengepersonal organiséiert, mat enger Fro-an-Äntwert-Ronn un déi véier Buergermeeschteren. Dat ass begréissenswäert. D'Fro stellt sech awer, firwat et net déi selwecht Méiglechkeete fir d'Awunner gëtt.

Laut den offiziellen Informatioune soll de Fusiouns-Dossier op Basis vun Aarbechtsgruppen an de Virschléi vu Mataarbechter vun de Gemengen a Bierger ausgeschafft ginn. Vill Bierger hunn den Androck dat si op der Stréck bleiwen. Fir kënnen Iddien anzebréngen, brauch een als éischt eng gemeinsam Basisinformatioun. Genee do läit de Problem.

Et geet awer net nëmmen ëm Informatioun, mee ëm Matbestëmmung. An enger Demokratie ass de Bierger net nëmmen Adressat vu Kommunikatioun, mee de Souverän. Wann de Souverän sech soll kënnen ausdrécken, da muss hien och fréi genuch wëssen, wat diskutéiert a geplangt gëtt.

Et gëtt schonn iwwer zukünfteg politesch Strukturen, Gestiouns Modeller an d'Organisatioun vun enger Nordstad geschwat. Dat si fundamental politesch Froen. Grad hei misst de Souverän agebonne ginn, éier Positiounen zementéiert ginn. Vill Bierger hunn den Androck, datt si um Enn virun e Projet gestallt ginn, deen am Wesentleche schonn ausgeschafft ass an iwwer deen si just nach am Referendum ofstëmme sollen.

Den Inneminister Léon Gloden huet selwer gesot, datt Gemengefusioune vun ënnen no uewen entstoe missten. Wann dat eescht gemengt ass, da brauch et méi wéi Broschüren, Newsletteren an eng Iddie-Box. Et brauch ee reegelméisseg Biergerversammlungen, transparent Tëscheberichter an eng oppen Debatt iwwer Chancen, Risiken an Alternativen. Schliisslech ginn et schonn haut vill gemeinsam Projeten tëscht de villäicht zukünftegen Nordstad-Gemengen, déi ouni Fusioun funktionéieren.

Bedenklech ass, datt vill Informatioun iwwer déi digital Kanäl lafen. Net Jidderee verfollegt Internetsäiten oder Sozial Medien. Demokratesch Bedeelegung däerf net dovun ofhänken, ob een online ass oder net.

De Souverän ass net do, fir fäerdeg Konzepter of ze nécken, Hie soll se matgestalten. Dofir wier et ubruecht, schonn elo reegelméisseg ëffentlech Versammlungen ofzehalen, bei deenen all Bierger Froe stelle kann an iwwer den aktuelle Stand informéiert gëtt. Nëmmen esou kann aus engem Fusiounsprozess e wierklech demokratesche Prozess ginn.

On veut être entendus !!

Nordstad Fusioun

= keng Informatioun

Rückgrat der Nordstad 

(https://www.nordstad.lu/stadtentwicklung/zentrale-achse/)

„Die Zentrale Achse ist als fortlaufendes urbanistisches Gesamtkonzept zu betrachten, welches die Grundlage für die Neuorganisation der Verbindung zwischen den Gemeinden Ettelbrück, Erpeldange und Diekirch bildet.“ 

„In der Zentralen Achse werden nicht nur Wohnungen und Büroflächen errichtet, sondern vielfältige öffentliche und private Einrichtungen geschaffen.“ 

„Während der Schwerpunkt der Entwicklung auf der Zentralen Achse zwischen Ettelbrück und Diekirch liegt, hat die Gemeinde Schieren besondere Funktionen für Wohnen, Freizeit und Erholung. Hier ist der Erhalt der Nahversorgung und der Treffpunkte in der Ortschaft von Bedeutung.“ 

„Ziel ist es, die Entwicklung der Zentralen Achse langfristig so zu gestalten, dass die Stadtkerne von Ettelbrück und Diekirch gestärkt werden.“  
Nordstad Achse

déi wichtegst Erkenntnis:

D’Nordstad huet also eng „Zentral Achs“. E Réckgrat. An dat Réckgrat verleeft – wéi zoufälleg – tëscht Ettelbréck an Dikrich. Do gëtt entwéckelt, do gëtt investéiert, do ass d’Zukunft. 

An de Rescht? Warscheinlech wéi d’Äerm an d’Been – gutt fir matzelafen, mee net fir ze denken. 

Schieren däerf schlofen. Wunnen, Fräizäit, Erhuelung – kléngt bal wéi eng Broschür fir e Weekend Resort. Eng flott Kuliss, fir datt d’Zentral Achs och schéin agebett ass. 

Ierpeldeng? Jo, déi ginn och nach ernimmt. Iergendwou tëscht de Linnen. Sou wéi een Numm, deen ee séier nach drop setzt, fir datt keen sech vergiess fillt. 

Mee natierlech si „all Gemenge gläich staark a wäertvoll“. Dat seet een ëmmer esou an der Theorie. An der Praxis gëtt et e Kär – an et gëtt eng Peripherie. Et gëtt Plazen, wou d’Geld hikënnt. An et gëtt Plazen, déi matzielen, wann et ëm d’Statistike geet. 

D’Fro ass net, ob Differenzéierung Sënn mécht. 
Déi mécht se vläicht.
D’Fro ass: Wien definéiert, wat wichteg ass?
A wann d’Zukunft vun der Nordstad schonn am Konzept esou kloer op zwou Plazen zentréiert ass, wat bleift da fir déi aner, ausser nozekucken a matzefinanzéieren?
 

Eng Partnerschaft op Aenhéicht gesäit anescht aus.
Oder ass d’Nordstad am Fong just eng elegant Aart a Weis ze soen: 

„Zwee féieren – déi aner begleeden“?

Plang fir d’Nordstad 

Nu soll de Plang fir d’Nordstad 

op den Dësch kommen am November 2025 ass héisch an helleg versprach ginn, datt de Plang fir d’Nordstad op den Dësch géif kommen. Gläichzäiteg héiert een awer vun anerer Säit, et géif nach net emol e richtegt Konzept ginn. Elo si mir am Joer 2026 ukomm, an et ass nach ëmmer kee Plang virgestallt ginn – net emol eng kloer Richtung. 

Dobäi steet de Referendum an e puer Méint un, a mir, d’Bevëlkerung, wëssen nach ëmmer bal näischt. Et war Rieds vun enger gemeinsamer Strategie, vun intensiven Aarbechtsgruppen an dovun, datt d’Initiateure vun der Nordstad der Bevëlkerung wollte weisen, wat d’Nordstad konkret bedeite géif a wéi eng Virdeeler dat fir d’Zukunft hätt. 

Déi véier Buergermeeschter vun der sougenannter „Nordstad“ wollten eigentlech mat konkrete Pläng an Aktioune bei d’Leit goen. Bis elo ass dovun awer näischt ze gesinn oder ze spieren.
Et entsteet den Androck, et wier hinnen mëttlerweil egal, wat d’Leit soen – Haaptsaach, 2027 gëtt fir d’Nordstad gestëmmt. Wann d’Meenung vun der Bevëlkerung elo schonn als onwichteg ugesi gëtt, wéi wäert et dann eréischt no enger Fusioun ausgesinn? 

Sollt de Plang fir d’Nordstad eréischt nom Referendum op den Dësch kommen, da stellt sech eng ganz Rei vu berechtegte Froen. Wann een déi kuerz Zäit bis 2027 elo notze wëllt, fir e seriéise Fusiounsprojet auszeschaffen, wat ass dann an all deene Jore virdru geschitt, wou genuch Zäit gewiescht wier, fir dat a Rou a mat Transparenz ze diskutéieren? 

An elo, op de leschte Meter, alles nach de Leit erkläre ze wëllen, wat iwwer Jore laang net ausgeschafft oder net vermëttelt ginn ass – och well et kee beléift Thema war – dat wäert schwéier, wann net onméiglech ginn. 
Eng Decisioun vun där Bedeitung verdéngt Kloerheet, Transparenz an Éierlechkeet – 
virum Referendum, net dono.  

Net nach waarden

Wann de Projet um Site vun der fréierer Brauerei

Wann de Projet um Site vun der fréierer Brauerei zu Dikrich endlech soll virukommen, dann ass d’Gemeng an de Gemengerot gefuerdert, eng kloer a realistesch Decisioun ze treffen. Et mécht wéineg Sënn, de Projet nach weider ze verzögeren, wärend d’Gebaier ëmmer méi verfalen an de Site säi städtebauliche Potenzial net notzt.
An deem Kontext muss et och méiglech sinn, dem Promoteur ze erlaben, d’Bestandsgebaier ofzerappen an d’Geschicht vun der Brauerei op eng zäitgeméiss Manéier ze valoriséieren – zum Beispill duerch eng grouss historesch Foto an eng Informatiounstafel, déi an d’Fassade vun den neie Gebaier integréiert ginn.
Et ass onbestridden, datt d’Erhale vu „schützenswäerten Elementer“ eng nobel Intentioun ass. Mee de Gemengerot vu Dikrich däerf net ausser Uecht loossen, datt esou Oplagen d’Käschte massiv erhéijen an domat d’Realisatioun vum Projet a Fro stellen. Wann d’Gemeng wierklech nei Wunnengen, eng Opwäertung vum Quartier an eng nohalteg Stadentwécklung wëll, da brauch et och de politesche Wëllen, Kompromësser anzegoen.
Doriwwer eraus muss ee festhalen, datt déi al Brauerei als funktionellt Gebai schonn zanter Joren net méi existéiert. Et geet also net ëm klasseschen Denkmalschutz, mee ëm Erënnerungskultur. An dëser Hisiicht ass eng kloer dokumentéiert a fir jidderee sichtbar Form vun Erënnerung méi éierlech wéi en symbolesche Schutz, deen d’Entwécklung blockéiert.
De Gemengerot vun Dikrich steet hei an der Verantwortung, tëscht emotional verständleche Wënsch an de konkrete Realitéite vun der Stadentwécklung ofzeweien. Liewen ass leider kee Wonschconcert.                

Nordstad, eng EU 
am Klengen?

Wa mir d'Funktiounsweis vun der Europäescher Unioun kucken, gesi mir oft dat selwecht Muster: grouss a kleng Acteure sollen sech op gemeinsam Projeten eenegen, et gëtt vill gestridden, an um Enn gi Kompromisser als Erfolleg presentéiert, obwuel se wäit ewech si vum Gefill a Versteesdemech vun de Bierger. Et gëtt iwwer Suen diskutéiert, Strukture ginn opgebaut, an d'Iwwersiicht geet verluer, fir wien eigentlech decidéiert gëtt. Eng änlech Dynamik zeechent sech elo bei der Nordstad of. Schonn haut steet d'Finanzfro am Mëttelpunkt. Eng Gemeng well de „Zentrum" ginn, ouni datt  d'Bevëlkerung wierklech agebonne gëtt. De Projet soll esou ausgeriicht ginn, datt nach vill mei Leit dohinner gezu ginn, wei et soss de Fall gewiescht wier. Aus anere Regiounen si Warnunge bekannt: staarke Wuesstem, Dierfer déi zu Schlofstied verkommen, an eng Bevëlkerung, déi mam Tempo iwwerfuerdert ass. Et stellt sech d'Fro, ob des Entwécklungen och bei eise Gemenge Realitéit kéinte ginn. An engem Joer steet de Referendum iwwer d'Nordstad un. Bis dohi sollt net nëmme mat Zuelen, mee och mat Emotiounen an Identitéit argumentéiert ginn. Wat geschitt mat de Wuerzelen, déi Familljen a Gemengen iwwer Generatioune gepräägt hunn? Wat gëtt aus der Geschicht vun eise Stied an Dierfer, fir déi vill Leit gekämpft hunn, fir se z'erhalen? Wuesstem ass ni gratis. No de Baukäschte kommen d'Käschte fir den Ënnerhalt.
Doriwwer sollt éierlech an transparent diskutéiert ginn, zesumme mat de Bierger, net laanscht si laanscht.

Méiglechkeete fir Zesummenaarbecht 
tëscht Gemengen (ouni Fusioun)

1. Syndikater (Gemengesyndikater)

Am meeschte verbreet a gesetzlech gereegelt
• Zesummeschloss vu verschiddene Gemenge fir konkret Aufgaben
• Hunn eng eege Rechtsperséinlechkeet an e Budget
• Beispiller:
o Offallentsuergung
o Waasserversuergung an Ofwaasser
o Ëffentlechen Transport
o Schoulen, Alters- a Fleegeheemer
• Virdeel: stabil a professionell organiséiert
• Nodeel: manner direktem Afloss fir déi eenzel Gemengen 

2. Interkommunal Verwaltung / gemeinsam Verwaltung

Gemeinsam Verwaltung, getrennte Politik

• All Gemeng behält hire Gemengerot a Buergermeeschter
• Administrativ Servicer ginn zesumme gemaach (z. B. Bauamt, Finanzen)
• Heefeg bei klenge Gemengen
• Virdeel: Käschtereduktioun, besser Notzung vum Personal
• Nodeel: méi Koordinatioun néideg 

3. Interkommunal Zesummenaarbe​cht (IKZ) 

Flexibel Zesummenaarbecht iwwer Kontrakter
• Op Basis vu ëffentlech-rechtlechen oder privatrechtleche Kontrakter
• Keng nei Struktur néideg
• Typesch Beräicher:
o IT a Digitaliséierung
o Bauhaff / Wanterdéngscht
o Raumplanung
o Wirtschaftsfërderung
• Virdeel: flexibel a séier ëmzesetzen
• Nodeel: manner verbindlech 

4. Gemeinsam Betriber oder Bedeelegungen 

Auslagerung a juristesch Strukturen
• Grënnung vu:
o GmbH
o Genossenschaft
o Anstalt vum ëffentleche Recht
• Gëeegent fir:
o Energieversuergung
o Glasfaser / Internet
o Wunnengsbau
o Tourismus
• Virdeel: wirtschaftlech effizient
• Nodeel: demokratesch Kontroll méi indirekt 

5. Regional Zesummenaarbechten & Netzwierker

Locker, strategesch Kooperatioun
• Keng eege Rechtsperséinlechkeet
• Gemeinsame Strategien a reegelméissegen Austausch
• Beispiller:
o Regionalentwécklung
o Klimaregionen
o Mobilitéitskonzepter
• Virdeel: wéineg Bürokratie
• Nodeel: limitéiert Duerchsetzungskraaft 

6. Opgabeniwwerdroung  Leeschtungsaccorden

Eng Gemeng mécht d’Aarbecht fir aner
• „Lead-Gemeng“-Modell
• Eng Gemeng iwwerhëlt z. B.:
o Standesamt
o Baubehörd
o Sozial Servicer
• Virdeel: effizient a kloer gereegelt
• Nodeel: Ofhängegkeet vun enger Gemeng 

7. Gemeinsam politesch Gremien

Koordinatioun amplaz Verwaltung
• Buergermeeschterkonferenzen
• Regional Kommissiounen
• Gëeegent fir Raumplanung an Infrastruktur 

8. Digital Zesummenaarbecht

• Gemeinsam:
o E-Government-Plattformen
o Digital Biergerservicer
o IT-Infrastrukturen
• Oft Kombinatioun mat anere Modeller